background background

Hesper

Sécurité des piétons

Lettre en relation avec la sécurité des piétons et des résidents de la rue de Hesperange à Itzig

Izeg, den 3. Mäerz 2017

Betrefft:  d’ Sécherheet vun de Foussgänger an d ‘Liewensqualitéit  vun den Awunner an der rue de Hespérange  zu Izeg

Här Buergermeeschter,

D’Hesper Strooss war schonn oft wéint Accidenter an de Schlagzeilen. Virun e puer Joer hate mer do en déidlechen Accident vun enger Mamm vun dräi Kanner, déi um Trottoir iwwerfuer ginn ass, an elo hu mer zweehonnert Meter weider erëm eng schwéier verletze Mamm vun dräi Kanner, an dat op engem Bus Arrêt.

 Den 19. August 2005 hunn betraffen Awunner vun där Strooss schonn eng Kéier bei der deemoleger Buergermeeschtesch, der Madame Gantenbein, reklaméiert (voir  Annexe), an trotz Moossnamen wéi e Panneau deen d ‘Vitesse  uweist oder d’ Verengung vun der Strooss bei den Zebrasträifen  ass de Wee vun Hesper op Izeg nach ëmmer extrem geféierlech fir Foussgänger a Vëlosfuerer.

Vun der Izeger Kierch bis  bei den Hesper Kierfecht ass dës Strooss fir vill Autofuerer eng Rennstréck. Fir dem Géigeverkéier auszewäichen, fueren Autoen a Camionen regelméisseg iwwert den Trottoir. Och d’ Izeger Bussen versichen, hire permanente Retard opzehuelen, andeems se mat Vollgas an d’ Duerf erafueren.

Den Trottoir ass  vill ze enk, sou dass eng Famill mat Kanner muss den Auto huelen, fir op d’ Spillplazen ze goen, an et ass liewensgeféierlech fir hei mam Vëlo ze fueren.

Regelméisseg erféieren d’ Awunner, wann erëm zwee Autoen mussen eng Vollbremsung maachen oder wann et knuppt. Autosspigelen   mussen oft ersat ginn.

Duerfir meng Fro un di Gemengeverantwortlech:  wat gedenkt dir ze maachen, fir an dëser Strooss eng signifikant Verkéiersberouegung ze erreechen?  Elo am Mäerz start den Ministère des Transports eng Campagne fir méi Sécherheet fir de Foussgänger op  eise Stroossen. Dat ass de Moment fir haart an däitlech hei Verbesserungen unzefuerderen, am Interessi vun all eisen Awunner a besonnesch eise Kanner.

Mat beschte Gréiss,

Michèle Louis

D‘ Gemeng Hesper huet mat folgender Äntwert zu eiser Fro Stellung bezunn:


Et ass eng Staatsstrooss, also kënne mer naischt maachen eng Verengung ass bei den Zebrastraifen scho gemaach de marquage gëtt eis schonn eng optesch Verengung mir hun eng Tafel, déi d’Vitesse uweist eng Radarkontroll vum mobile Radar am November 2015 huet gewissen, dat mer eng Moyenne vun 47 an 49 km/Stonn an di 2 Richtungen hunn, also ass jo alles an der Rei Accidenter kënnen iwwerall geschéien.

D’Leit solle selwer bei der Police no méi Kontrolle froen Höcker fir d’Autoen ze bremsen si geféierlech fir déi Autoen, déi ze séier fueren da misste mer jo iwwerall verkéiereberouegt Stroosse maachen.

Wa Ponts et Chaussées eis eng Verbesserung proposéiert, sinn mir natiirlech nët dergéint, mee mir sinn nët bereet, selwer bei Ponts et Chaussées ze intervenéieren.
 

Gemeng Hesper