background background

Hesper

Lettre au Bourgmestre et au Conseil Communal

Haer Buergermeeschter, Madam an dir Haeren aus dem Schefferot

Wann ech aere Budget sou ënnert dem Stréch kuken, da gët jo do nët vill ze soen .Et as mer awer opgefall ( p.140) dass den Devis fir d’Hesper Schoul bei 10.290.000 € luech,der bis ewell awer schon iwert 11 Mio gebucht goufen an och nach eemol 350.000  fir 2018 opgeschriwwen sin. Dat mecht jo da schon iwert eng Mio Ennerscheed.Mee soss: d’ Gemeng steet sech finanziel gud, waat jo ëmmer erfreelech as.

Mee da froen ech mech firwaat op verschiddene Punkte sou gespuert gët.

*An aerer Schefferotserklärung steet : « Die Integrationskommission soll in den kommenden Jahren noch mehr Verantwortung übernehmen. »                                                                                                    Ech hu fir d’Integratioun ( an 2017 si jo ëmmerhin 1441 Auslänner an d’Gemeng geplënnert an 116 nët lëtzebuergesch Kanner op d’Welt komm, an iwerhaat sin iwert d’Halschend fun de Biirger bei eis Aislänner)e Budget fonnt fu 14.500€ ( p.55, 3/270), firgesi fir e Guide du Citoyen an d’Fête de l’Amitié, woubei ët do nach eng Subventioun fum Staat gët fun 2.500€ (p.28, 744710G).D’Gemeng wëll also fir d’Integratioun 12.000€ aus hierer Täsch gin. Ech hun nët d’Gefill dass daat ganz vill as fir Kanner an der Schoul , Auslänner bei Popeierkrich, Sich no Arbecht ze hëllefen, oder waat fir eng prezis Projeten een sech soss kinnt virstellen. Well op déier aaner Saït gin awer Donen un divers Associatiounen gemaach an enger Héicht fun 52.500€, woubaï een och do an Zukunft mol kinnt un nohalteg Projeten an der 3ter Welt denken.

*Da waat d’sozial Wunnungen ugeet, begréissen ech all d’Efforten déi an de leschte Joeren gemaach goufen a weidergeféiert gin. Fir 2018 as fir Acquisitiounen fun Terraien kee Budget firgesin. Et steet 1.145.000€ ( p.151, 4/612) am Budget fir Transformatiounen fun Haiser , mee och do kommen ronn 1.5 Mio ( p.126, 1/612) era fum Staat. Et gin ganz deier Renovatiounen gemaach , fir schlussendlech nët esou vill Lait ënnerzebrengen, an dobaï leet de Staat jo dann 70-75% baï ( p.120,1/2509. Ech denken do misst een awer en aanere Wee fannen, wann ee kukt wéivill Demanden  beim Office sozial um Dësch leien a wann  e politeschen Wëllen do as fir eng Mixitéit an der Gesellschaft ze haalen.                                                                                                                                                                Den Office social fun Hesper huet och- souvill ech wees-nach keng Konventioun ënnerschriwwen mam Ministère du Logement am Kader fun der Gestion locale sociale.

Och e feelende Projet fun enger Epicerie sociale feelt hei erëm

Waat d’ »Betreid Wunnen « ugeet, kann ech awer begréissen dass ët jo do nach e weideren Projet mam aalen Domino gët , wou de Staat och 75% iwerhëlt, an ech hoffen dass an dem nächsten Budget da vlait och Eppes firgesi gët fir d’intergenerationelt Wunnen ze förderen !

*Dann nach e Wuert zu enger méigleger Verbesserung fun eiser Liewensqualitéit !!!Mir feelt am Budget e Posten Dépensen fir Etuden fir  global Verkéeirsberouegung. Et sin zones 30 frun de Schoulen geplangt an 150.000 €( p.154,4/624) virgesi fir Mesures d’apaisement de traffic, wou ech mech froen waat daat genau as. Mir wëssen dass ët nach laang hirgeet, an zwar méi laang wéi dës Legislaturperiod, bis Hesper duerch e Contournement kan entlaascht gin. Bis dohinner kënne mer awer nët einfach tatenlos nokuken. Och fir d’Belästegung duerch de Kaméidi fun der Autobun ze limitéieren, hun ech kee Posten fonnt.                                                                                                          Waat mir nach ganz vill um Haerz laït as déi GSM’Antenne bei der Schoul um Houwald. Do kommen fir d’Gemeng 6.500€ eran. A souguer wann ët 10 x méi waer :Wéi kënne mer esou eng Antenne niewt eng Schoul stellen an akzeptéieren, dass do en Operateur eis Kanner Wellen aussëtzt, deene hier Konsequenzen nach ëmmer schlecht bekannt sin, resp déi d’Organisation mondiale de la santé haut als potentiel kriebseregend ugesait. D’Generatioun 4 G waert nët méi laang daueren a bei der 5 G as bekannt dass vill méi millimetresch Wellen ausgestrahlt gin, déi nach vill méi aggressiv sin , notamment bei de Kanner !

Meng Konklusioun : déi nei Projeten an aerem Budget si super : d’Sportshaal um Holleschbierg, déi nei Schoul zu Alzeng, mee ët gët scho méi laang fun hinne geschwaat. Ech vermëssen am Budget daat naemlecht wéi an der Schefferootserklärung : ët feelen inovativ Ideen an eng Richtlinn déi weist wouhinner d’Gemeng sech weiderentwéckelen soll.

Ech soen Merci fir d’Nolauschteren.